Concert vun der Fentenger Chorale Cantabile

Viru kuerzem konnt d’Fentenger Chorale Cantabile endlech erëm e Concert am

Celo zu Hesper sangen. Mat engem usprochsvollen an ofwiesslungsräiche Programm

konnte si de Publikum dovun iwwerzeegen, dass hinnen och no 19 Méint Pandemie d’Freed um Sangen net vergaangen ass.

Ënnert dem Titel ,Still Standing’ hunn déi 17 Fraen an 8 Männer ënnert der Direktioun vum Rossano Mancino de Publikum zäitweis mat an d’80er Joren zeréckgeholl.

Begleet goufe si vum Denis Ascani um Piano, vum Rom Heck um Bass a vum Gilles Wagner op der Percussion. Solistinnen waren d’Nicole Dielissen, d’Nathalie Gerson an d’Anne-Laure Consbruck.

Duerch de Programm huet d’Denise Puraye gefouert.

Bei dëser Geleeënheet gouf och de laangjärege Präsident Roby Feyder geéiert.


Foto: Claude Sibenaler