Scheckiwwerreechung un d'asbl ASA

Viru kuerzem konnte Vertrieder vun de Fentenger Gesangsveräiner

,Cantabile’ a ,les Alouettes ‘ déi schéin Zomm vun 2500 € un d’asbl ASA

iwwerreechen.

Dës Suen kommen aus dem Erléis vum leschten Adventsbazar, deen déi

zwee Veräiner säit iwwer 40 Joer zesummen organiséieren, dat mat der Ënnerstëtzung

vun enger Equipe vu Fräiwëllegen, déi all Joer vill Asaz weisen.

Dëst Joer kann domat d’Ausbildung vun Assistenzhënn ënnerstëtzt ginn.

D’Madame Thimmesch vun der asbl huet duerch e puer intressant Erklärungen 

Abléck ginn an déi villfälteg Hëllef, déi vun den erwuessenen Hënn geleescht gëtt.