De Fentenger Adventsbazar ënnerstëtzt ,Médecins du Monde’

Scho säit méi wéi 40 Joer organiséieren déi Fentenger Gesangsveräiner ,Cantabile’ a ,Fentenger Alouetten ‘ am Advent e grousse Bazar, woubäi si vun enger dynamescher Equipe vu Fräiwëllegen ënnerstëtzt ginn.

Wéi all Joer gouf och dës Kéier e groussen Deel vum Erléis gespent an esou konnt elo déi schéin Zomm vu 4000 € un zwee Vertrieder vu Médecins du Monde Lëtzebuerg iwwerreecht ginn.

Bei där Geleeënheet hu si eis en Abléck an hir wäertvoll Aarbecht hei am Land ginn.