Déi Fentenger Gesangsveräiner hunn d' ,Action pour un Monde' Uni ënnerstëtzt

Viru kuerzem hunn d' Fentenger Gesangsveräiner ,Cantabile’ an d’,Fentenger Alouetten‘ déi schéin Zomm vun 4000 un d'Action pour un Monde Uni iwwerreecht.Dës Suen kommen aus dem Erléis vum Adventsbazar, deen traditionell um éischten Adventsweekend vun deenen 2 Veräiner an enger fläisseger Equipe vu weidere Fentenger Leit organiséiert gëtt.Vertrieder vun der A.M.U hunn de Projet erkläert, mat deem Wunnméiglechkeeten fir medezinescht Personal am ländleche Raum an Tansania geschaf ginn.