D'Fentenger Chorale Cantabile huet op en aussergewéinlecht Joer zeréckgekuckt

De 25. Oktober huet d’Fentenger Chorale Cantabile vu Fenteng hir

Generalversammlung ofgehalen. Opgrond vun deene villen Aschränkungen wärend dem leschte Joer hu si no neien Méiglechkeeten gesicht, fir hirem Hobby nozegoen an en aktiivt Veräinsliewen oprecht ze erhalen. Wärend hire Prouwen a klenge Gruppen, deelweis am Fräien oder iwwer Videokonferenz, konnte si e klengen Optrëtt dobaussen virbereeden a viru Kuerzem endlech hire Concert sangen dee si fir de Mäerz d’lescht Joer geplangt haten.

D’Chorale huet am Moment 35 aktiv Sängerinnen a Sänger, Dirigent ass de Rossano Mancino.

8 verdéngschtvoll Memberen hunn dann och eng Medail vun der UGDA iwwerreecht kritt.


Foto: Nicole Dielissen