Duerfconcert zu Fenteng

Viru Kuerzem konnten eng Rei Sängerinnen a Sänger vun der Chorale Cantabile vu Fenteng no laanger Zäit erëm e klenge Concert sangen. Bei guddem Wieder goung et mam Won duerch d’Duerf fir op 5 verschiddene Plazen den Nolauschterer en ofwiesslungsräichen Programm vun 20 Minutten ze presentéieren.

Nodeem eise grousse Concert am Mäerz 2020 huet missen ausfalen, huet et eis besonnesch vill Freed gemaach, erëm e klengen Optrëtt ze hunn.

Elo freeën mir eis op eise Concert am Oktober, dee mir grad am Fräien aprouwen.