Eischten Ouschtermaart zu Fenteng

Kuerz virun Ouschteren hat eng Equipe vun de Fentenger Gesangsveräiner Alouetten a Cantabile eng éischte Kéier bei der neier Musekschoul zu Fenteng en Ouschtermaart organiséiert.

Fläisseg Hänn hate gebak, gemoolt an déi verschiddenst Dekoratiouns-artikelen aus Toun, Stoff oder Holz entworf.

D’Motivatioun vun de Leit, fir eppes Flottes op d’Been ze stellen huet hir Friichten gedroen. De Maart war ee groussen Erfolleg.

Déi schéin Zomm vun 1600 € konnt elo un d’Vertrieder vun der ONG Guiden a Scouten fir eng Welt iwwerreecht ginn.