Zu Fenteng gouf den Hämmelsmarsch gesongen

Déi zwee Fentenger Gesangsveräiner, d’Chorale Cantabile an de Kannerchouer Fentenger Alouetten sinn och dëst Joer erëm mam Won duerch Fenteng gezunn fir den Awunner den Hämmelsmarsch ze sangen.

Anescht wéi déi Joeren virdrun konnte mir de 24. Oktober net stonnelaang um Won sangen, mee hunn op verschiddene Plazen mat dem néidegen Ofstand e klenge Kiermesconcert gesongen.

Iwwer dee waarmen Empfang vun de Leit hu mir eis vill gefreet an och fir eis war et richteg flott, emol rëm eng Aktivitéit ze hunn.

Mir freeën eis op d’nächst Joer!