Nationalfeierdag 2016

De Nationalfeierdag an der Gemeng Fëschbech gëtt ganz traditionell gefeiert. Um Virowend, dem 22. Juni geet et mat engem Cortège an Kierch lass. De Pompjeescorps begleet Leit aus der Gemeng an de Schäffen a Gemengerot an Kierch zu Fëschbech. Hei huet um 19.30 Auer de Paschtouer Romain Richer Leit bei der Dir vun der Kierch empfaangen. No engem schéinen Te Deum deen begleet ginn ass vun der Chorale Angelsbierg-Fëschbech-Schous, ass nach eng Gedenkminutte beim Monument virun der Kierch ofgehalen ginn.

Am Veräinshaus op der Héicht huet den 1. Schäffen Marco Karier, Madame Buergermeeschter, aus berufflechen Grënn entschëllegt. No enger Ried duerch den Här Karier, sinn dunn Pompjeeën geéiert ginn. Den Claude Trausch, Laurent Degraux an de Paul Vrehen sinn fir hiren laangjäregen Asaz am Corps ausgezeechent ginn.


Den Owend ass bei engem Patt a Schnittercher, gemittlech zu Enn gaangen, an dem Freedefeier aus der Staat a vu Miersch konnten Kanner vun der Terrasse aus nokucken.