D'Gaasperecher CaraPio sinn gutt an England um Camp ukomm

Dëse Freiden hunn ronn 500 Lëtzebuerger Guiden a Scouten Lëtzebuerg vum Houwald aus verlooss, fir an England um nationale Camp „Uk'an“ vun de CaraPio deel ze huelen. Ënnert hinnen waren och néng Cara-Pio an zwee Cheffen vun Gaasperech. Donieft sinn och eng Partie vun eisen Memberen am Staff vum Camp aktiv.

Nodeems déi Gaasperecher CaraPio e Samschden de Moien bei Wareham ukomm sinn, hunn si direkt ugefaangen hir Zelter opzeriichten. Si hunn och d'Spill „Mölkky“ opgeriicht dat si sech fir de Kiermesdaag ausgeduecht hunn deen ënnert dem Motto „Maach et oder looss et sinn“ steet.



D'Fotoen si vum Luc Ewen