Chrëstuucht vun de Muselfénkelcher

De Kanner- an de Jugendchouer Muselfénkelcher vu Gréiwemaacher haten op Steefesdag op hir traditionnel Chrëstuucht agelueden. An där gutt gefëllter Sportshal vum Maacher Centre culturel et sportif hunn déi zwéi Chéier, ënnert der Leedung vum Marianne Hengel (Kannerchouer) an dem Nathalie Laurent (Jugendchouer), e flotten an ofwiesslungsräiche Chrëschtprogramm presentéiert; variéiert Stécker, déi mol schmasseg, mol besënnlech d'Chrëscht- an d'Wanterzäit besongen hunn. Mat Lidder wéi C’est Noël aujourd’hui, De Stär vu Bethlehem, Joy to the World, Christmas Lullaby, oder Glorious hunn déi kleng an déi grouss Muselfénkelcher, souwéi de Solist Louis Caloin an d’Solistinnen aus den eegene Reien de Publikum konnte begeeschteren.

Déi zwéi Chéier si begleet gi vum Daniel Mujzer um Piano, Sergio Nardi op der Perkussioun, a vum Julie Brücker op der Trompett. (cu)