E wierklech formidable Concert ...

E Samsdeg, den 8. Oktober, haten de Kanner- an de Jugendchouer Muselfénkelcher vu Gréiwemaacher op eng besonnesch Feier agelueden. Si hunn hire 35. Gebuertsdag gefeiert a keen anere wéi de bekannte Pianos a Perkussiounsensemble M&M mam Jean a Gary Müller a mam Michel a Pol Mootz hat sech d'Eier gemaach fir hinnen e ganz extrae Gebuertsdagsconcert ze spillen.
D'Tiffanie Jamesse, e fréiere Muselfénkelchen an am Moment zu Paräis am Musical "Hairspray" ze gesinn, huet duerch den Owend gefouert an op eng flott Aart a Weis de Programm virgestallt.
Nodeems de Kanner- an de Jugendchouer, ënnert der Leedung vum Adely Urwald-Krier a begleet vum Georges Urwald a vum Ensemble M&M, e puer vun hire flottste Stécker zum Beschte ginn hunn, huet den Ensemble M&M e wierklech formidable Programm présentéiert, soudatt um Enn de ganze Sall do stung, fir déi véier Musiker mat Standing ovation ze applaudéieren.