Éischt Soirée des Anciens vun de Muselfénkelcher

Viru kuerzem hunn déi fréier Muselfénkelcher sech fir hir éischt Soirée des Anciens getraff. Ugefaang huet den Owend mat engem Ständche virun der Hausdir vun de Grënner vun de Muselfénkelcher, dem Adely a Jemp Urwald-Krier, déi iwwregens nach haut Dirigentin a President vum Chouer sinn. Am Restaurant „Belle Vue“ zu Gréiwemaacher hunn déi fréier Muselfénkelcher sech du vill ze ziele gewosst iwwer déi flott Zäit, déi si an de Muselfénkelcher bäi Concerten a Reesen erlieft hunn. An natierlech sinn och vill Lidder vun deemols ugestëmmt ginn. Organiséiert gouf dës éischt Soirée des Anciens vum Manon Lamy a Christiane Urwald.