EXZELLENT RESULTATER VUM MAACHER LYCÉE BEIM PROJET « MY FIRST ENTERPRISE » (JEL)


Tëscht November 2020 a Mäerz 2021 huet de Maacher Lycée eng éischte Kéier um Projet „My first enterprise“ vun der JEL deelgeholl. Am Kader vum hirem Cours an der „Economie générale“ hunn d’Schüler vun der Klass 4GSO2 a gläich siwe klenge Gruppe verschidden Iddien ausgeschafft, wéi si kéinten eng kleng Entreprise grënnen.

Zéng Wochen haten d’Schüler dunn Zäit, fir aus engem Startkapital vun 40€ e Maximum u Benefice rauszeschloen. Ëm de ganze Management vun hirem Projet, vum Akaf iwwer d’Produktioun, de Marketing an de Verkaf vun de Wueren, genausou wéi ëm d’Logistik an d’Finanzen, hu si sech komplett selwer misse këmmeren. De Coaching vun deene vereenzelte Gruppen gouf vun hirer Enseignante an der Economie, der Madamm Caroline Haas, iwwerholl.

Dës siwe Gruppen hunn um Projet deelgeholl :

Einfach Baken (Fäerdegbakmëschungen am Glas), Les Gaufristes (Produktioun a Verkaf vu séisse portugisesche Spezialitéiten), Harmony (Online-Shop mat Kleeder, wou d‘Schüler selwer den Design konnten definéieren), KNKäerz (Produktioun a Verkaf vun Unikat-Vanilledoft), LEJA (Produktioun a Verkaf vun originelle Ketten an Ouerréng), Seefestiffchen (Produktioun a Verkaf vu Seefen mat Doft au choix du client an - als Gag - engem klenge Fësch dran) an UEBU (Online-Shop mat magnéiteschen Handyoplueder, deen iwwer Dropshipping fonktionnéiert).

Wärend dem Projet hunn d’Schülergruppen och missen e Rapport opsetzen, wouropshin du landeswäit 16 Gruppen ausgewielt goufen, déi den 11. Mee 2021 an der Finall an engem online Pitch iwwer Zoom géinteneen ungetruede sinn.

Gläich fënnef Gruppen aus dem Maacher Lycée hunn et an dës national Finall gepackt (Einfach Baken, HNKärz, LEJA, Seefestiffchen an UEBU). Do hu si sech gutt geschloen a sou koum et, dass d’Ekipp UEBU fir d’Originalitéit vun hierem Produit schliisslech de Spezialpreis vun der Jury krut an d’Ekipp Seefestiffchen et am Endeffekt souguer op déi 2. Plaz landeswäit gepackt huet.