SUSTAINABLE ENTREPRENEURIAL SCHOOL DAY 2022

En Donneschdeg, den 29. September 2022, war déi 2. Editioun vum „Sustainable Entrepreneurial School Day” um Campus Geesseknäppchen. Bei dëser Geleeënheet goufe 16 Schoulen, déi iwwert d’Schouljoer 2021/2022 Aktivitéiten am Kader vum „Sustainable Entrepreneurial Spirit“ organiséiert hunn, ausgezeechent.

Fir déi 2. Kéier schon krut de Maacher Lycée deen Dag den N1-Label (Start-up) vum Här Minister Claude Meisch iwwerreecht a war vertrueden duerch den Här Christophe Zender, attaché à la direction, d’Madamm Caroline Haas, Enseignante a Member vun der „Cellule d’orientation » souwéi den Tim Asselborn an den Alexander Schiffmann vun der Klass 2GSO1.

Am Virfeld vun der Label-Iwwerreechung stoung nämlech nach ee Mini-Hackathon um Programm, un deem dës zwee Schüler deelgeholl hunn.

Zousätzlech haten déi extern Partner vum Projet “Sustainable Schools” d’Méiglechkeet, d’Leit iwwert hir Aktivitéiten ze informéieren.

Zil vun dësem Projet ass et, deene Jonken den „Esprit d’entreprise“ méi no ze bréngen, entrepreneurial Kompetenzen ze entwéckelen, kritesch ze denken, innovativ a kreativ ze sinn an och mateneen ze kommunizéieren an ze kollaboréieren.