PANIK@SCHOOL: DOKUMENTATIOUN IWWER PANIKATTACKEN AN DER SCHOUL

Am Schouljoer 2020/21 hunn d’Schüler vun der Ofschlossklass 1TPCM aus dem Maacher Lycée sech entscheed, ee soziale Projet ënnert dem Numm Panik@school ze realiséieren. Zil heivu war et, Schüler an Erwuessener ze ënnerstëtzen, déi ënner Panikattacke leiden.

Konfrontéiert mat deene sëllegen Aschränkunge vun der Pandemie hunn d’Schüler zimmlech séier entscheed, dass d’Dréie vun engem Video zum Thema Panikattacken zu dësem Zäitpunkt dee logeschste Choix wier.

Wärend der Realisatioun vum Projet gouf dunn am Maacher Lycée, niewt dem Direkter Gilles Estgen no Enseignante gesicht, déi bereed waren, iwwer hir Erfahrungen mat Panikattacke bei Schüler ze berichten. Doriwwer eraus hunn d’Associatioun LASH a.s.b.l. – Angst- und Panikhilfe an eng Psychologin aus dem CePAS d’Schüler iwwer d’Thema Angschtstéierungen opgekläert.

Trotz der aktueller Pandemie a punktuell Aschränkunge wéi Quarantän an Homeschooling hunn d’MLG-Schüler hiert Bescht gemaach, fir déi geplangten Interviewen – mat Momenter och souguer emol iwwer TEAMS – ze dréien.

Resultat vum Projet ass eng, net zulescht duerch déi vill gudd Iddie vun de Kameramänner, qualitativ héichwäerteg Produktioun, déi op deen dach wäit verbreete Problem vu Panikattacke opmierksam mécht an all betraffe Schüler soll encouragéieren, sech an esou engem Fall op deene richtege Plazen kompetent Hëllef an Ënnerstëtzung ze sichen.