Festival de Nancy - Voix du Monde: d'Muselfénkelcher waren dobäi

Iwwer 1000 Sänger a Sängerinnen hu sech vum 28. Mee - 1. Juni 2014 zu Nanzeg zesummefonnt, fir um Festival Nancy - Voix du Monde hir Passioun ze deelen: d'Freed um Sangen. 11 Länner ware vertrueden. Nieft Däitschland, der Belsch, Wäissrussland, Bulgarien, Estland, Mexico, dem Gabon, Serbien der Schwäiz an der Ukrain och Lëtzebuerg, an dat duerch de Jugendchouer Muselfénkelcher vu Gréiwemaacher.
Nom impressionanten Erëffnungsspektakel zu Nanzeg am Zénith stunge fir d'Muselfénkelcher, déi ënner der Leedung vum Adely Urwald-Krier stungen an um Piano vum Georges Urwald begleet goufen, eng ganz Rëtsch Optrëtter um Programm, sou z. B. am Palais des Congrès, an der Salle Poirel, an de Stroosse vun Nanzeg bäim flotten Défilé chantant, an der Kierch zu Colombey-les-Belles an um groussen Ofschlossconcert samsdes owes op der Place Stanislas zu Nanzeg. Virun iwwer 4000 Leit huet all Chouer sech mat dräi Lidder presentéiert, éier déi ronn 1000 Sänger - zesummegesat aus den auslännesche Chéier an deenen aus der Lorraine - zesummen op der Bühn de Festival ofgeschloss hunn.
Ënnerbruecht goufen d'Muselfénkelcher bei de Sänger vum Chouer aus dem Collège J. Gruber vu Colombey-les-Belles, déi si déi puer Deeg iwerall hi begleet hunn, sou datt munch nei Frëndschafte entstane sinn. (cu)
Fotoen: Christiane Schiltz-Urwald a Gilles Orenga