Flotten Lies-Projet zwëschen der Maacher Grondschoul an dem Lycée

Am Kader vun engem Projet, deen zwou Studentinnen vun der Uni.lu organiséiert hunn, ass dem Här Prim seng Klass aus dem Maacher Lycée, am Fach « ALLUX » (Däitsch a Létzebuergesch) an d’Spillschoul vu Maacher virliesen gaang.

D’Schüler hunn sech an dräi Gruppen opgedeelt an sech, no intensiver Virbereedung, fir des Bicher entscheed gehat : « Der Rabe mit den goldenen Federn » vum Hans Wilhelm, « Riese Rick macht sich schick » vum Alex Scheffler & Julia Donaldson an « Wer hat Angst vor einem Hasen ? » vum Grégoire Solotareff.

Ziel vum Projet war et, d’Schüler erëm zeréck an d’Welt vun den Billerbicher ze féieren an si op des Art an Weis dem Liesen erëm méi no ze bréngen.

All Grupp hat eng ‘eegen’ Klass fir hiert Buch ze presentéieren an ze weisen wat si aus deenen zwou Wochen alles matgeholl hunn.

Déi ‘Kleng ‘ waren begeeschtert an d’Studentinnen bewäerten den Projet als vollen Erfolleg.