Leschte Summerspektakel zu Hamm mat Île aux Clowns

Bei de leschte Sonnestralen an enger super Ambiance hunn d'Spidolsclowne vun der Île aux Clowns asbl. hire leschten Openair Concert fir dëst Joer am Hospice zu Hamm ginn. Verdeelt op de Balconen oder am Gaart hunn eng ronn 60 Bewunnerinnen a Bewunner zesumme mat de Clowne lëtzebuergesch, däitsch a franséisch Klassiker gesongen a fir en ofwiesselungsräichen Nomëtteg gesuergt.