ANTI-Liewensmëttelverschwendung bei den Scouten

Déi lescht Wochen hunn sech ons Scouten an Explorer ganz vill mat dem Thema Ernährung beschäftegt. Et ass alles mat enger Iddi vun zwee jonken Scouten ugaangen, déi eng Aktivitéit fir hier Leadership-Formatioun maachen sollten.


Déi zwee jonk Scouten hunn sech e puer mol mat hiren Cheffen getraff fir e flotten Weekend am Thema Kachen an Hygiène an der Kichen ze plangen. Schnell war et den Scouten kloer, dat sie kéinten en leckeren an och gesonden Menü fir hier Elteren kachen. No villem stöberen an deenen verschiddensten Kachbicher konnten sech Scouten dunn ob e Menü eenegen. Et sollt als Entreé eng Tomate Crevetten mat zwee Stecker Tomaten-Mozzarella Toust ginn. Als Haaptplat Poulet Tandoorie mat Moschter marinéierten Brockelcher, Räis an engem Grapp gréng Zalot. Als Dessert nach e Stéck kalen Hond mat frëschem Uebst. Planung war ofgeschloss an den Weekend konnt kommen. Um Weekend selwer goufen sämtlech Kichengeräter an Reegelen vun der Hygiène erkläert. Desweideren gouf och gekuckt wéi en eng Spullstross bei den Scouten richteg opbaut an wéi en clever akafen goen soll.  Net ze vergiessen gouf och fläisseg fir d’Elteren gekacht. Sonndes konnten d’Elteren den Menü schmaachen kommen an waren ganz begeeschtert dat hier Kanner esou lecker kachen kennen. Selbstverständlech goufen Scouten als Ofschloss nach mat engem Kaachbadge belount.


Passend zum Thema gouf déi Woch drop zesummen mat onsem Ministère eng Versammlung organiséiert an der iwwert den Dreck an iwwert Liewensmëttelverschwendung geschwat an och sensibiliséiert gouf. Mat Hëllef vun Anti-Gaspi, enger flotter Compagne hunn mir als Grupp diskutéiert wat mir dogéint maachen kënnen. Uebst oder Geméis wat net méi grad esou schéin ausgesäit oder e bëssen iwwerzeideg oder getéitscht ass, also kuerz gesot net ganz perfekt ass, muss net an Poubelle fléien, do draus kann een nach ganz lecker Smoothien maachen, wéi ons Kanner feststellen konnten.