E Scoutsjoer voller Hoffnung an villen flotten Aktiounen

Ons Scoutsjoer 2020-2021 war alles anert wéi einfach. Den Corona Virus huet ons oft Hoffnung geholl, flott Aktivitéiten fir ons Memberen unzebidden. Ons Cheffen hunn sech oft mussen Kapp zesummen strecken, fir awer e flotten Programm ubidden ze kënnen.


Am September 2020 hunn mir mat enger flott Rentrée gestart, bei der den Sputnik, e klengen Alien ob Besuch komm ass, an Hëllef vun den Scouten gebraucht huet fir säin Raumschëff ze flécken. Am Oktober konnten mir en éischten Weekend ënnert den strengen Mesuren ofhalen, mir all haten Hoffnung erëm mat den Kanner an der Natur Zäit ze verbréngen, mee no dem Branchenwiessel koum dunn dach alles anescht.


D’Aktivitéiten hunn erëm mussen agestallt ginn, Homescouting war do erëm Léisung. Vill Versammlungen sinn iwwert Online Plattformen organiséiert ginn, ënnert anerem huet sech den Kleeschen am Dezember och bei onsen Kanner per Videobotschaft gemellt.


Ufank des Jores konnten awer Versammlungen am klengen Krees stattfannen, an do hunn mir ons et bei der HoGa net huelen gelooss,an hunn vill Projet gestart. Onsen Späicher am Home gouf mat den groussen Explorer ausgebaut, ons Scouten an Wëllefcher hunn eng Bamhütt gebaut, an ons kleng Beaver hunn sech e Kreidergart ugeluecht, seguer den Ufang vun engem Insektenhotel gouf mat dem ganzen Grupp gebaut.

Mee keng Angscht, an der HoGa geet net just gebaut, vill Rallyen, Trajet an Actionbound stoungen bei ons um Programm. An ons Bonne Aktiounen koummen och net ze kurz. Mir Et goufen Karten gebastelt, an dun Altersheemer gescheckt, e Meekranz gouf gebonnen fir ons äller Matmënschen, an Clowen an der Klinik hunn mir och enerstetzt.


Anhand vun folgendem Artikel, wollten mir, Gruppencheffen vun der HoGa ons bei all onsen Memberen, an Frënn bedanken, fir den enormen Engagement. Wichteg ze betounen, ass dass all déi Leit benevole hier Zäit an Energie an e Scoutsmouvement gestach hunn, an esou onse Kanner eng flott Ofwiesslung vun dem ganzen Homeschooling ginn hunn. Mir duerfen all ni vergiessen dass ons Kanner eng Platz brauchen wou se Kanner sinn, vun dofir, sinn mir als Scouten genau déi richteg Platz. An mat dem Engagement vun den benevollen Leit kënnen mir dat och an Zukunft packen.


Ons Branchen hunn och an dësem Joer gutt geschafft an goufen vun der FNEL fir hier Motivatioun ausgezeechent.


Mir soen wéi schonn gesot Iech all MERCI, an hoffen ob e weidert flott a néit Scoutsjoer, wat am September erëm bei ons an der Péitruss start.