HoGa Piratenseegelcamp um Ijsselmier

Als Ofschloss vun engem erfollegräichen Scoutsjoer 2018-2019 hunn sech HoGa (Hollerech-Garer Scouten) mam Zuch ob den Wee Richtung Enkhuizen gemaach fir do e flotten Summercamp ob engem Seegelschëff ze verbréngen.


Mam Schëff gouf ënnert dem Thema „Piraten ob der sich nom Schatz vum Pirat Kosta“ duerch Ijsselmier an Wattenmier geseegelt.


Den Piraten Kapitän Carlo huet mat senger treier Piratenkamaradin Kapitänin Kaya, Schëff vun den HoGa Scouten & Guiden gekapert. No kuerzer Zäit hunn sech, den Kapitän Carlo an Gruppecheffin Andrea befrënnt, an entscheet sech zesummen ob Sich nom Schatz vum Pirat Kosta ze maachen.


Ob hirem Wee duerch déi verschidden Hëffen hunn Scouten verschidden Aufgaben missen léisen befiert si sech Pirat nennen konnten. Aufgaben wéi: en Priatenlidd schreiwen, eng Priatenpartie organiséieren, Geocachen fannen, Tauschspill als Kommunikatiounsbeweis, Kooperatiounsspiller fir den Teamgeescht, an nach villes méi. Ob der Siche nom Schatz sinn ons Scouten vum Hafen „Enkhuizen“, ob d’Insel „de Kreupel, wieder an den Hafen vun „Den Oever“, an den Hafen vun „Den Helder“, an den Hafen „Stavoren“, duerch Kanäl bis ob den Strand „Lemmer“ an erëm zréck an den Hafen vun „Enkhuizen geseegelt.


Ënnerwee ass et an en Marinenmuseum, an esou och an en U-Boot gaange, et ass ob den Strand spadséieren gaange an och an Mier schwammen, an Woudagemaal, déi nach gréissten funktionéierend Dampfpompelstatioun sinn mir kucken gaange.


Dem Kosta säin Schatz konnten Scouten erfollegräich fannen, an hunn als Ofschloss déi zwee Piraten bei sech an Scouten opgeholl.


Mir sinn all mat flotten Erliefnisser, an onvergiesslechen Erfarungen erëm den 03.08.2019 zu Lëtzebuerg ukomm.