HoGa um 95ten Pow Wow

No engem ganz aktiven Scoutsjoer, dat mir elo mat villen verschidden Aktivitéiten fir Grouss a Kleng an engem flotten Centenaire ofschleissen kennen, konnten mir den 07.07.2018 ob der Nuits des Brevets onsen jonken Cheffen fir hier ofgeschlossen Cheffenformatiounen gratuléieren.

Den 08.07.2018 konnten mir onsen Kanner gratuléieren. D’Arbecht, déi ons Kanner iwert e ganzt Joer gemaach hunn sinn mat der Bonne Colonie, der Bonne Meute, der Unité Pilote, diver Auszeeschnung exceptionel an dem Foulard d’or belount ginn.

No der Partie officielle konnten mir all ob enger flotter Scoutskiermes enert dem Thema Zirkus deel huelen an vill flott Posten maachen.