Jamboree on the air & Jamboree on the Internet "JOTA & JOTI 2020"

Jota & Joti iwwert 48 Stonnen, ob 7 Kontinenter, an 194 Länner, an mat iwwert 38 Milliounen Scouten


Wärend dem 17-18. Oktober hunn sech ons Scouten an Explorer, vun der HoGa (Hollerech-Garer Scouten), um Jota Joti wärend 48 Stonnen mat aneren Scouten aus deenen verschiddenen Kontinenter, an domadder och aus iwwert 194 Länner, getraff an hier Scoutsgeschichten esou Scoutserfarungen ausgetosch.


Um Programm stoungen vill Live Showen vum WOSM, den Jota Joti Radio, Funken, Internet Relay Chat (IRC) , Teamspeak, en JamPUZ Spill, Minecraft Spill vum ScoutLink an och kleng Elektrobastelen.


Ons Scouten & Explorer hunn sech iwwert den ganzen Weekend mat Scouten aus iwwert 26 Länner ënnerhalen. Dodrënner waren: Australien, Belgien, Costa Rica, Deutschland, Elfenbeinküste, Französich-Guayana, Indonesien, Kanada, Kolumbien, Libanon, Luxemburg, Malaysia, Mexico, Namibia, Niederlanden, Norwegen, Östereich, Portugal, Schweden, Schweiz, Slowenien, Tunesien, Turkei, Vereinigte Staaten, Weihnachtsinsel an Zentralafrikaische Republik


Wann dir weider Informatiounen iwwert onsen Grupp wëllt fannen, dann kuckt ob www.hoga.lu eran. Ënnert jotajoti.lu, fannt dir och nach weider Infoen iwwert déi traditionell Aktivitéit.