Scouts Traditiounen eben anescht

Den Moment steet duerch den Covid 19-Virus Welt um Kapp. villes huet mussen ofgesot ginn, esou och den traditionellen Fakelzuch um Virowend vun Nationalfeierdag.

Eigentlech sollten ons Scouten sech zesummen mat villen aneren Veräiner an den Stroossen vun der Stad versammelen an e Fakelzuch zu éieren vun onsem Groussherzog ofhalen. Dëst Joer ass des Traditioun awer Opfer vum Virus ginn, an huet mussen ofgesot ginn. 

Mir als Scouten wollten dëst awer net ganz akzeptéieren an hunn ons geduecht, dat mir onsen Memberen an och Bekannten Méiglechkeet géifen ginn fir den Virowend vun Nationalfeierdag doheem kënnen ze feieren. Mat engem "Lëtz Scouts Pack" an dem nieft Grillflësch eppes ze Drénken, e Puzzel an och e Stéck Fackel esou wei e Lampion fir en privaten Fakelzuch dran waren.

All Member konnt esou zu éieren vun onsem Groussherzog, an zu onsem Land eng Fackel doheem am Gaart ufänken.