traditionellt Verwurrelter baken bei der HoGa

Pünktlech zu der Fueszäit, hunn sech ons Explorer erëm Gedanken em hier Verwurrelter Entreprise gemaach.


No dem sie an e puer Versammlung den Werbeflyer erstallt hunn an sech ob sich no dem Rezept gemaach hunn, konnten Sie den 08.02.2019 erëm hier traditionell Verwurrelter backen. Et gouf sech schonn fréi am Moien bei ons am Home getraff fir den Hierfendeeg ze preparéieren.


No dem deen Deeg aus 10 kg Miel an frëschen Bio Eier fäerdeg gerouert war huet dessen nach mussen opgoen. Perfekten Moment fir eng kleng Paus ze maachen. Durno konnt ugefaangenen ginn Verwurrelter ze knieden an uschléissend ze frittéieren. 


Am ganzen sinn ca 700 Verwurrelter gemaach ginn. Déi fäerdeg Tuten, mat ca 250 g pro Tut goufen uschléissend un ons Memberen a Bekannten verkaaft.


Mir sinn houfreg ob ons Explorer Unitéit "high Unicorn" an soen all deenen Léit Merci déi eng Hand mat ugepaakt hunn.