Concert "Anno 2013" vin der Lënster Musek

D'Lënster Musek invitéiert Iech häerzlech op hiren traditionelle Fréijoersconcert zu Jonglënster an der Kierch. Den Entrée ass fräi. Nom Concert gëtt eng Quête ofgehalen. Um Programm stinn den Optrëtt vun der Jonk-Lënster Musek ënnert der Direktioun vum Guillem Bonet. Dono spillt d‘Lënster Musek ënnert der Direktioun vum René Lelong. Et gin folgend Stécker gespillt:

- Toccata in D minor
- Saxophones in the light
- Happy Trombones
- Odyssey for percussion
- Tribute to Glenn Miller
- Westside Story

Mir geiffen eis freeën Iech an der Kierch begréissen ze kennen.