D'Lënster Seniore waren an den Aardall

Zu ronn 70 ware si, d'Membre vun de Senioren aus der Lënster Gemeng (a vun den Nopëschdierfer), fir ëm 7 Auer muerges an d'Bussen ze klammen a sech op Wee ze maachen an der Aardall, d'Géigend vum däitsche roude Wäin. Mee zu Schalkenmehren ass schon eng Paus gemaach ginn; bei engem gudde Kaffisdësch hunn d'Membre sech gestäerkt fir deen ustrengenden Dag. Ëm halwer 11 war d'Equipe zu Bad Neuenahr, wou si all déi schéin Haiser an déi schéi Stroosse bewonnert hunn. Wéi de Mëtteg gelaut huet, huet e formidable Buffet op si am Wantergaart vum Hotel Goldener Anker gewaart. No diem exzellenten Iessen ass et du weider gaangen an dee schéinsten Eck vum Aardall, an zwar an d'Alstad vun Ahrweiler. Hei och ware si begeeschtert vun den alen Haiser, deene schéine Geschäfter, deene kammouten Terrassen, deene ville Blummen. Eng Taass Kaffi an e Stéck Kuch hu missen dru gleewen, an och hunn d'Geschäftsleit an och d'Maartleit méi wéi een Euro verdéngt. Ëm 5 Auer goung et du weider an déi eelst Genossenschaftskellerei vun der Welt op Maischoss. Mat deene véier roude Wäiner bei der Prouf haten déi meescht genuch mam Probéieren mee si waren zefridde mat der Qualitéit vun dem Wäin. E gudde Wënzerteller stoung um Schluss vum Programm. Méi wéi zefridde waren all d'Membren, wéi si an d'Busse geklomme sinn, a si freeë sech elo schon op déi nächst Aktivitéite vun de "Lënster Senioren". (dd)