Jonglënster: Éierung bei de Lënster Senioren

Méi wéi 100 Membren hate sech am "Centre polyvalent Gaston Stein" afonnt, wéi de President Denis Dimmer d'Generalversammlung vun de "Lënster Senioren" opgemaach huet. Hien huet all deene merci gesot, déi sech am Laf vum vergaangene Jar fir de Veräin agesat haten, besonnësch der Sekretärin JoséeHinkel an hirer Hëllef Marianne Freimann an och der Trésorière Félicie Wealer. D'Josée Hinkel huet en detailléierte Rapport virgedroen, aus diem hervirgaangen ass, datt vill Aarbécht geleescht ginn ass; besonnësch d'Ausflich hu vill Uklank bei de Membre fonnt. D'Félicie Wealer war houfreg, e Bilan ze presentéieren, die sech weise léisst; déi gutt Aarbécht huet och hiren Nidderschlag bei de Finanze fonnt, wat duerch e positivt Resultat beluegt ginn ass. Duerno huet d'Buergermeeschtësch Francine Colling-Kahn d'Membre vum Comité felicitéiert fir hiert Engagement am Déngscht vum 3. Alter. Uschléissend huet d'Francine Colling Kaddoen un déi Membren iwwerrécht, déi am Laf vun dësem Jar hiren 90. oder 80. Gebuertsdag feieren: Manette Nilles-Zahles (90); Maisy Olinger-Wecker (80); Dorothée Rassel-Felten; Margot Schiltz-Merens; Yvonne Steffen-Bentner a Charles Thill. Mat engem gudde Mëttegiessen am Eurohotel ass d'Generalversammlung 2011 ofgeschloss ginn. (dd)