Generalversammlung vun de" Lënster Senioren"

De President vun de "Lenster Senioren", den Denis Dimmer, war méi wéi frou, fir iwwer 100 Membren am "Centre polyvalent Gaston Stein" fir d'Generalversammlung begréissen ze kënnen. Hien huet eng ganz Rei vu Mercien ausgesprach: de Membre vum Comité - besonnësch der Sekretärin Josée Hinkel, der 2. Sekretärin Marianne Freimann, der Keessière Félicie Wealer - , der Gemeng, de Membren alleguerten, de Bénévolen, déi ëmmer do si fir ze hëllefen, de Conciergen, de Chauffeuren. D'Sekretärin Josée Hinkel huet en detailléierte Rapport presentéiert, aus diem herviergaangen ass, datt am Laf vun 2011 eng gutt Aarbécht geleescht ginn ass, wéi e.a. en Ausfluch un de Laggo Maggiore, en Ausfluch a Südtirol, e Spargeliessen, e Grillfest,den Hierkenowend, den Dag vum 3. Alter, d'Chrëschtfeier. Aus dem Rapport vun deKeessière Félicie Wealer konnten d'Membre gewuer ginn, datt et dem Veräin a finanzieller Hisiicht ausgezeechent geet, wat och vun de Keesserevisore Jempy Pütz a Léon Freimann bestätegt ginn ass. Duerno huet de Komitee zesumme mat der Buergermeeschtësch Francine Colling-Kahn déi Membre geéiert, déi am Laf vun dësem Jar hiren 80. oder 90. Gebuertsdag feieren: Francine Muller-Grethen (80), Jempy Pütz (80). Maisy Olinger-Meder (80), Jean-Pierre Emering (90) a Mathilde Spartz (90). D'Buergermeeschtësch huet de Veräi felicitéiert fir déi vill a flott Aktivitéiten am Déngscht vun den eelere Leit a si huet verséchert, datt d'Gemeng och an der Zukunft d' "Lënster Senioren" wäert ënnerstëtzen. Duerno huet de President nach e flotte Film gewisen, dee vum Kolleg Fränz Marmann iwwer den Ausfluch op de Laggo Maggiore gedréit ginn ass. Mat engem gudden Iessen am Restaurant Eurohotel ass d'Versammlung an enger formidabler Ambiance ausklénge gelooss ginn. De Komitee gesäit elo esou aus: President: Denis Dimmer; Vizepresidentin a Sekretärin: Josée Hinkel-Endres; 2. Sekretärin: Marianne Freimann-Steichen; Keessière: Félicie Wealer; Membren: Lony Arensdorff-Oswald, Annie Flies-Meyers, Marie-Louise Grethen-Felten, Narcisse Moes, Maisy Neuens-Kauth, Colette Parmentier-Schumacher, Valy Santer, Werner Vaessen a Karin Wilgé-Wolf; Keesserevisore sinn de Jempy Pütz an de Léon Freimann. (dd)