D'Lënster Senioren op Studierees am Frankräich an an der Schwäiz

Véier Deeg lang ware 50 Membre vun de Lënster Seniore mat hirem President Denis Dimmer a mat de Chauffeure Josy a Fons vun der Firma Josy Clement aus der Buerg ënnerwee, fir eng Rei vun de schéinen Ecken an der Savoie an an der Schwäiz ze besichtegen. Am Hôtel "Le Littoral" zu Evian hu si sech wuel gefillt an et war net wäit bis an den Zentrum vun der Stad a bis bei de Genfer Séi. Schéi war et an der Alstad zu Annecy, mee leider huet et do zimlech séier gereent. Et si Leit, déi gemengt hunn, si hätten nach ni esouvill Waasser zu Annecy gesinn. Vill sinn déi "Lënster Touristen" do kucke gaangen, Kulturelles a Gastronomësches, a well dat hinnen esou gutt gefall a geschmaacht huet, esou huet de Reen hinnen näischt ausgemaach. Deen Dag drop, zu Montreux, war d'Wieder gutt, a vill Zäit ass do um Chrëschtmaart laanscht de Séi verbruecht ginn, wou niewent den Iesswueren ganz vill Konschtobjeten a Kaddoen ausgestallt waren. Am Schëff vu Lausanne op Evian ze fuere war schon e klengt Erliewnës fir vill vun de "Lënster Senioren". Ze séier huet déi flott Equipe sech erëm op den Heemwee misse maachen, ouni awer zu Solothurn nach eng Schwäizer Spezialitéit geschaamcht ze hunn an am Nomëtteg war nach e klengen Openthalt zu Obernai virgesinn. Den Ofschloss ass gemaach gi mat engem Festiessen bei enger formidabler Ambiance am beschtbekannte Restaurant "Le Crève-Coeur" zu Diddenuewen. All Membren, déi derbäiwaren, hu sech scho Rendez-Vous vum 10. bis de 14. Juni am Pitztal an Eisträich ginn. Et war super! (dd)