Generalversammlung vun de "Lënster Ourewierm"

Méi wéi frou war d'Presidentin Chantal Saska fir d'Membre vun der Chorale "Ourewierm" vu Lënster fir d'Generalversammlung begréissen ze kënnen. Si huet all deene merci gesot, déi sech am Laf vum Jar fir d'Chorale agesat hunn, de Sängerinnen, dem Organist Gary de Jong a virun allem der Dirigentin Françoise Hetto-Gaasch. D'Sekretärin Malou Marx huet d'Aktivitéite virgedroen, wou de Concert vum 12. Mäerz hervigestach huet. D'Denise Petit konnt e positive Keesbericht virleeën, die bewisen huet, datt et permanent mat de Finanze biergop geet. D'Buergermeeschtësch Francine Colling huet sech houfreg gewisen, esou e flotte Veräin an der Gemeng ze hunn a si huet alle Membre felicitéiert fir hir immens a gutt Aarbécht.. Zum Schluss huet d'Françoise Hetto schon op de Concert vum 24. Mäerz 2012 agelueden, dien ënner dem Motto steet "Let's dance". (dd)