Lënster: Concert vun de "Lënster Ourewiirm" (Fotogalerie)

Ronn 500 Frënn vu Musek a Gesank hate sech am "Centre polyvalent Gaston Stein" an der "Laangwiss" afonnt, fir beim Concert vun de "Lënster Ourewiirm" derbäi ze sinn. Niewent den Ourewiirm ass och nach als ""Special Guest" d' "Danzschoul Flashdance" opgetrueden. D'Ourewiirm stoungen ënnert der Leedung vum Françoise Hetto-Gaasch; um Piano war wéi ëmmer de Gary de Jong; d'Gitar huet de Laurent Kohn gespillt, de Bass de Rol Modaff an d' Percussioun de Mike Siebenaler. Als Soliste sinn opgetrueden d'Tiffany Saska, d'Angela Parlanti mam Lynn Kohnen a mam Michelle Stein, d'Anne Weckering, d'Liette Wilgé & Loic Schlentz. D'Danzschoul stoung ënnert der Direktioun vum Romain Philipp. Op eng flott Aart a Weis huet d'Chantal Saska duerch de Programm gefouert. Bekannt Melodie stoungen um Programm vun den Ourewiirm: Super Trouper, Guantanamera, Still the one, The Shoop Shoop Song, Country Roads, Summmernights, I will follow him, Milord, There you'll be, A hard day's night, I will survive, Time to say goodbye, What a feeling a Mamma Maria. Duerch hir flott Dänz an akrobatësch Leeschtungen hunn d'Artiste vu "Flashdance" d'Leit begeeschtert. E flotte Concert, dee vill Aarbécht kascht huet, mee dien d'Kënne vun alle Sängerinnen, Sänger, Museker, Dänzer an Dirigentin ënner Bewäis gestallt huet. No dem Concert waren déi vill Leit sech all eens: "Mir hunn e formidable Museksowend verbruecht! Also hoffentléch bis geschwënn!" (dd)