Lions Club Mameranus a LuxEnergie mat Benefizconcert zu Gonschten vun Alan asbl

Lions Club Mameranus a LuxEnergie ënnerstëtzen Mënschen mat rare Krankheeten duerch Benefizconcert


Nom Succès vum Chrëschtconcert d’viregt Joer, hu sech de Lions Club Mameranus, d’Chorale Cantabile Fenteng, d’Luxembourg Little Big Band, d’Hesper Gemeng a LuxEnergie am Dezember 2022 nach eng Kéier zesummegedoe fir ee Benefizconcert zu Gonschte vun ALAN - Maladies Rares Luxembourg ze organiséieren.

Fir de Concert « Watch What Happens – A Jazzy Christmas Tale » am CELO Hesper gouf d’Luxembourg Little Big Band vun der Solistinnen Nicole Dielissen a Grace Gnad-Augustin vun der Chorale Cantabile Fenteng ënnerstëtzt.

Dem Haaptsponsor LuxEnergie säin Don ass duerch den Erléis vum Benefizconcert op 15.000 € ergänzt ginn. Sou konnt e generéisen Don un ALAN gespent ginn..

De Lions Club Mameranus ass ee vun den 25 lëtzebuerger Lions Klibb. Mir Léiwen hunn als Devise “We Serve”, mir setzen eis a fir deene Leit ze hëllefen deenen et net esou gutt geet a wou déi normal sozial Ënnerstëtzung net méiglech ass. Dat kënne materiell oder finanziell Hëllefe sinn.

Méi Detailer op https://www.lionsclubmameranus.lu

D’Chorale Cantabile Fenteng ass eng chorale mixte mat ca. 35 Sänger. Mir sange weltlech a sakral Wierker. Zweemol am Joer organiséiere mir och eng Benefizaktivitéit, eise Chrëchtmaart an e Concert. Mir sinn ëmmer op der Sich no neie Sänger. Mir prouwe méindes owes an der Fentenger Muséksschoul. Méi Detailer op https://www.cantabile-fenteng.lu/home

Säit méi wéi 20 Joer setzt sech ALAN an, fir d'Liewensqualitéit vun de ronn 30.000 Mënschen zu Lëtzebuerg, déi vun enger seelener Krankheet betraff sinn, ze verbesseren. Dës Krankheeten, déi dacks genetesch bedéngt, chronesch, progressiv an onheelbar sinn, stellen déi betraffe Persounen a Famillje virun eng Rei komplex Erausfuerderungen.

De Berodungsservice vun ALAN bitt de betraffene Leit eng psychologesch Betreiung, souwéi administrativ a sozial Ënnerstëtzung fir hinnen a verschiddene Beräicher ze hëllefen, notamment beim Accès op Gesondheetsversuergung, bei administrative Prozeduren, bei hire Sozialrechter, an, an de Beräicher; Bildung, Aarbecht, Familljeliewen an Inclusioun. Nieft dësem Berodungsservice bitt ALAN eng Rei adaptéiert Fräizäit- a Sportaktivitéiten un, an engagéiert sech staark am Plan National Maladies Rares a fir d’Sensibiliséierung iwwert rar Krankheeten.

Foto (vu lénks no riets) :

• Gérard Louis, Lions Club Mameranus,

• Serge De Cillia, Past President vum Lions Club Mameranus,

• Daniel Theisen, Direkter vun ALAN,

• Pierre Kremer, President vum Lions Club Mameranus

• Peter Bracke, Sekretär vun der Chorale Cantabile Fenteng

• Anja Di Bartolomeo, Vize-Presidentin vun ALAN

• Astrid Arbogast, Responsable Marketing & Communication vu LuxEnergie S.A.

• Charel Sander, Luxembourg Little Big Band