Iwerschwemmung zu Lampech

Den 19. Dezember geint 18:40 goufen d'Pompjeeën Ehleng op Lampech an d'Rue du Ruisseau geruff. An dëser Stroos wuar et zu enger massiver Iwerschwemmung komm. Den Grond fir des Iwerschwemmung gouf seier fonnt. D'Gitter vun engem groussen Offlosskanal wuar sou verstoppt, dass d'Waasser sech den Wee iwert d'Stroos gesicht huet. 2 Pompjeeën hun, nodeems sie mat Leinen gesëchert wuaren, dest Gitter vum Strei an aanerem Treibgut befreit, wouropshin d'Waasser ofgelaaf ass an d'Stroos lues awer secher nees drechen gouf. Alles an allem wuaren d'Ehlenger Pompjeeën während ronn 3 Stonnen mat 7 Mann, dem GW-S, TLF 2000 an KDOW op der Plaatz. Präsent wuaren auserdeem den Service Technique vun der Gemeng Reckeng-op-der-Mess an den Buergermeeschter Carlo Muller.