Vill Aarbescht fir d'Pompjeeen Ehleng

Den 29. Juli ass op en neits en Wieder iwer Letzebuerg, an och d'Gemeng Reckeng/Mess gezunn. Des Keier wuar et net d'Loft, dei fir Problemer gesuergt huet, mä d'Waasser. Sou hun d'Pompjeeen Ehleng ab 18:55 Auer 2 mol missen interveneieren, fir Kelleren auszepompelen. En weideren Asatz gouf et weinst engem aaneren Waasserschued an engem Bauerenbetrieb. Och goufen Warnschelder op verschiddenen Landstroosen opgestallt, well Waasser driwer gelaaf ass. Nodeems d'Pompjeeen des Asätz ofgeschafft haaten, goufen sie geint 21:48 Auer op Dippech op en Daachstullbrand nogeruf, als Verstärkung fir d'Pompjeeen vun Dipppech, Betteng/Mess, Kenzeg, Mamer, Kärjeng, Peiteng an d'Beruffspompjeeen aus der Staad, dei op deser Plaatz schon sait ongefeier 19:00 Auer am Asatz wuaren. Zesummen hun d'Pompjeeen den Streih vum Daach erof gezunn, fir d'Feier komplett geläscht ze kreien. Geint 01:00 Auer an der Nuecht wuar och desen Asatz dunn bewältegt. Insgesamt wuaren d'Pompjeeen Ehleng deen Daag ongefeier 4,5 Stonnen mat 11 Mann/Fra, dem GW-S, dem MTW an dem KDOW ennerwee.