Accident zu Riedgen

Den 17. August goufen d'Pompjeeen Ehleng geint 07:15 Auer op Riedgen an d'Rue de Luxembourg geruff. Hei wuar en Auto aus ongeklärter Ursaach vun der Strooss ofkomm, an an eng Mauer an iwert en Luuchtepoteau gerannt. D'Strooss huet missen vun Betriebsstoffer an Schiebelen gebotzt gin. Desweideren huet d'Permanence vun CREOS missen d'Kabelen isoleieren.
Alles an allem wuaren d'Pompjeeen Ehleng während 2,5 Stonnen mat 5 Mann, dem GW-S, dem TLF 2000 an dem KDOW op der Plaatz. Präsent wuaren och eng Patrull vun der Police Grand-Ducale, C.I. Esch/Uelzecht, eng Dépanneuse an en Mataarbeschter vun CREOS.