Gedenk- a Jugendaarbecht koordinéieren

Aus der Generalversammlung vun der Amicale Natzweiler-Struthof


Bäi der dësjähreger gutt besichter Generalversammlung vun der Amicale des Anciens Prisonniers et des Familles de Disparus de Natzweiler-Struthof konnt de President Pierre Huss niewent den laangjäregen Memberen och e puer nei Memberen begréissen.

2020 war ugangs vum Joer d’Generalversammlung. D‘Gedenkfeier den 19. Mee zu Déifferdeng war, Pandemie bedéngt, ausgefall, et gouf just eng Gerbe deposéiert virun der Stèle vun deenen 7 Lëtzebuerger déi den 19. Mee 1944 um Struthof erschoss goufen. Am Hierscht huet d’Amicale dunn eng Rees op de Struthof gemaach fir wärend 2 Deeg zesummen mat den Amicalen aus Frankreich, Holland an Norwegen un enger impressionanter internationaler Feier deel ze huelen.

2021 ass et dunn mat der Gedenkfeier zu Déifferdeng ugaangen, zesummen mat dem Schäfferot. Den 11. an 12. September huet d’Amicale dunn rëm hir alljärlech Rees op den Struthof gemaach. Dëst rëm fir un enger grousser internationaler Erënnerungsfeier virum restauréierten Denkmal deelzehuelen. Natierlech war d’Amicale och hei am Land bei villen Gedenkfeieren mat hirem Fändel derbäi.

Fir d’nächst Joer gouf decidéiert och rëm 2 Deeg op de Struthof ze fueren, wéini a wéi muss nach vum Comité ausgeschafft ginn. Et bleift ze hoffen, dat wann d’Pandemie dat zouléisst, nach aner Aktivitéiten méiglech sinn. Den Akzent läit 2022 dorobber, fir mat verschiddenen Schoulen eng Zesummenaarbecht op ze bauen.

De Comité besteet aus: Pierre Huss, President; Gaston Schütz, Vizepresident; Lex Huss, Sekretär; Françoise Flesch, Caissière; Marcel Ewers, Arthur Hoffmann, Juliette Petry-Huss, Jean-Jacques Siedler, Paul Welter, Memberen.