Open-Air-Fotoausstellung zu Schieren - E Bléck op Schlass Biertreng

Vum 21. Mee 2021 un invitéieren d'Gemeng Schieren an de Fotograf Marc Schoentgen op eng flott Open-Air Fotoausstellung "E Bléck op Schlass Biertreng". D'Expo ass zu Schieren op engem Rondgank vun 1,7 km. Den Départ ass béi der Gemeng zu Schieren an de Wee ass signaliséiert.


De Fotograf:


De Marc Schoentgen, 1969 zu Lëtzebuerg gebuer, huet an de leschte Joeren Fotos- ausstellungen am In- an am Ausland initiéiert. D’Fotografie, seng nieweberuflech Passioun, ganz klassesch an hirer Aart, ass no um Mënsch an deem, wat d’Gesell- schaft verbënnt – Traditioun an d’Gefill fir d’Heemecht. Dobäi stécht besonnesch säi Bléck fir den Detail ervir.

Zu senge gréissten Open-Air Fotosausstellunge gehéieren Schengen – En eu- ropäescht Wënzerduerf a seng Awunner (2010), Schengen – Vins et Vues zu Bréissel a Berlin (2012), Fashion Moments an der Stad Lëtzebuerg um Knuedler (2013) a Promenade photographique zu Munneref (2014). Zesumme mam Pierre Even huet de Marc Schoentgen 2015/2016 d’Wanderausstellung Dynastie Lëtzebuerg-Nassau initiéiert, déi a 25 Lëtzebuerger Gemengen, am Groussherzogleche Palais, am Schlass zu Weilburg un der Lahn an an den USA am Bundesstaat Wisconsin gewise gouf.

De Fotograf ass awer och Auteur vun de Bicher Schengen – Ein europäisches Winzerdorf und seine Einwohner, Vun der Rief zum Wäin, Die Dynastie Luxemburg- Nassau 1890–2015 an dem kierzlech publizéierte Buch Schlass Biertreng – Eng eemoleg Lëtzebuerger Geschicht.