Schlass Biertreng - Eng eemoleg Lëtzebuerger Geschicht - Nei um Bichermaart

No der Publikatioun vun de Bicher „Schengen – En europäescht Wënzerduerf“, „Vun der Rief zum Wäin“ an „Die Dynastie Luxemburg-Nassau 1890-2015“ hun ech elo e néit Buch iwwer d'Schlass Biertreng publizéiert a lueden iech op e fotografesche Rondgank duerch Vergaangenheet a Géigewaart vun Schlass Biertreng an.


Op 248 Säiten, mat iwwer 250 exklusive Fotoen, ënnerluecht mat informativen Texter vum Mil Goerens, lueden ech de Betruechter an, d’Schlass, seng Besëtzer, hier Geschicht an d’Geschichte ronderëm d’Schlass selwer z’erliewen. Besicht den Uert Grentzen, seng idyllesch Kapell, spadséiert mat duerch d’Härenallee an entdeckt d’Iwwerreschter vun der aler Baronsbréck.


Schlass Biertreng – Eng eemoleg Lëtzebuerger Geschicht - ISBN: 978-99959-0-647-4

Auteur & Editeur: Marc Schoentgen - Verkafsprais: 44.- €


Verkafsplazen:

All gudd Librairie a beim Auteur selwer bestellen iwer email: schengen@gms.lu Net vergiessen Adresse a Tel-Nummer unzegin.