Scheckiwwerreechung am "Duerfbistro ze Meechtem"

Am Kader vum Meechtemer "Wäischmaachen", den 23.August huet den "Duerfbistro ze Meechtem ASBL" dem Diddelenger Déierenasyl e Scheck vun 1000€ iwwerreecht. Während dem Joer hat de Grupp vu Kollegen, déi den Duerfbistro ënnerstëtzen an erhale wëllen fir d'Duerfliewen ze beräicheren, an enger Rei vun Aktiounen am Bistro, dës beträchtlech Zomm gesammelt. E grousse Merci vun de verloossene Muppen a Kazen aus dem Déierenasyl zu Diddeleng ass hinnen domadde sëcher.