"Sonili" musse mir erëmfannen... !

Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen... ! "Sonili" musse mir erëmfannen... !

Operette vum Bruno Granichstaedten aus dem Joer 1938-39: "SONILI"! Vum Josy Imdahl an d'Lëtzebuergescht iwwersat. D'Ueropféierung wor den 15 Dezember 1939.
Spéziell fir d'Sonja Haagen, dem Hary Haagen seng Duechter, deemols 12 Joer al, huet hien dës Operette "Sonili" geschriwwen, an däer si selwer d'Haaptroll mat Brio gespillt huet.
Den Henri Pensis huet den RTL-Orchester dirigéiert, ënner der Regie vum Venant Pauké. Am ganzen gouf d'Operette "Sonili" ëmmerhin dräizéng mol opgefouert.
De Bruno Granichstaedten huet ufangs am "Hôtel de Luxembourg" an der Waassergaass gewunnt an duerno am "Hôtel du Théatre" an der Beaumontsgaass.
Vun dëser Operette hu mir bis haut weder een däitscht- nach ee lëtzebuergescht Textbuch nach Noutematerial opgedriwwen.
Nofroen bei Archiwen zu Wien, (vu wou de Bruno Granichstaedten op Lëtzebuerg koum), wéi och bei esëllechen Musikalesche-Archiven hei am Land hunn näischt bruecht.
Duerfir nach eng Kéier dësen Opruff:
Wie weess eppes iwwer d'Operette "Sonili", an der däitscher wéi an der lëtzebuerger Oplo?
Villäicht aus engem vun deenen Hôtelen wou de Bruno Granichstaedten gewunnt huet? Besëtzer oder Ugestallten aus deene Betriiber.
Dësen Opruff riicht sech besonnesch u Leit aus der Famill vun engem vun deenen déi matgewierkt hunn? Op- an hannert der Bühn sou wéi am Orchester. Ënner der "Foto op der Bühn" sinn d'Nimm vun all dëse Leit!
Wie kennt eventuell dat eent oder anert Lidd aus der Operette?
All, och klengste Matdeelung iwwert d'Wierk ass ee Puzzelstéck dat eis hëllefen kann erëm ee "Ganzt" zesummen ze setzen. Wien iergend eppes weess soll sech mellen beim:
Jean Kandel (Lëtzebuerger-Lidder Archiv)
7, rue Luitgardis L-8244 Mamer
Tél: 621 665 212 - E-mail: jkandel@tango.lu

Photo d'Trupp op der Bühn (vu lénks no rechts.)

Léon MAYER, Josy IMDAHL (huet d'Operette op Lëtzebuergesch iwwersat), Emil HAMPER, Maria LAZZERI, Henri PENSIS (huet den RTL-Orchester dirigéiert),
Sonja HAAGEN (dem Hary Haagen seng Duechter, 12 Joer),
Bruno GRANICHSTAEDTEN ( Däitschen Text a Musék), Suzanne HELLER,
Venant PAUKÉ (Régie), Hildchen KLAESS, Marcel KUMMER, Valentin KUMMER, Renée WEBER, Benny SALOMON.
Net op der Foto: Hansi KAHN, Josette FELTEN, ( 2Dänzerinnen ) Margerite NICKELS, Madeleine LAMBERTS, Roger WARNIER an Jules a Marcel van DIEVOET (Décorsen)