Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen... Gléckwënsch !

Vill Gléck an eng gutt Gesondheet wënschen ech alle Lieser ...
ma besonnesch all deenen déi mir bis elo gehollef hunn de Lëtzebuerger Lidder-Patrimoine ze erhalen an opzebauen... AN DEENEN DEI DAT AM LAF VUN 2013 MAACHEN !
963: also virun 1050 Joer gouf Lëtzebuerg (Lucilinburhuc) vum Grof Siegfried gegrënd.
1864: also dat anert Joer sinn et 150 Joer, datt eis Heemecht, vum Méchel Lentz a J. A. Zinnen, fir d'éischt opgefouert gouf vun der Lyra zu Ettelbréck.
Wann dat keng Grënn sinn fir sech Gedanken ze maachen iwwer eis Lëtzebuerger Lidder.
Et wier wënschenswäert däer emol méi ze héieren, well et gëtt der esëllechen, ganz flotter a fir jidder Geleeënheet. Ob Beruffer, Dierfer a Géigenden, weltlech- a reliéis-Fester a Festdeeg, Iessen, Drénken a Léift, Joreszäiten an Natur, Konscht an Hobby, vu fréier an haut, gudden a schlechten Zäiten, dir fannt doriwwer ee Lëtzebuerger Lidd. Duerfir, wann dir keent hutt, da kaaft iech ee Lëtzebuerger Lidderbuch, ma net fir an d'Regal oder an den Tirang, ma fir doraus ze sangen, mat Bomi a Bopi, Kanner a Kandskanner. Op deene ville Bicher- a Floumäert uechtert d'Joer an iwwer Land fannt dir sécher ee flott Lëtzebuerger Lidderbuch. A wann dir ee besonnescht Lidd sicht, da frot mech, villäicht ass et schonns a mengem Archiv vun ëm 3.000 Lidder
tel.: 621 665 212 oder jkandel@tango.lu
Also ee gudde Virsaz fir 2013 :... 365 Lidder sangen...
Wann dir méi heiriwwer wësse wëllt, klickt op d'Karikatur ( uewe riets )