150 Joër UGDA

D'Fanfare vu Stroossen huet dem Jean-Paul Frisch säi Marsch "150 Joer UGDA" gespillt.
Leider konnt de Komponist säi Wierk net méi mat erliewen. Um Parvis vum Centre Barblé haten d'Musikanten sech opgestallt an hunn, wéi op ville Plazen am Land, um 20 Auer dat Wierk virgedroen. Den Eirepresident René Kerschenmeyer huet sech et net huele gelooss fir seng Musikantinnen a Musikante lauschteren ze kommen.
All Guddes an nach vill Erfolleg fir d'UGDA an och fir d'Stroossener Fanfare !