Wéi eise Mataarbechter vum Terrain bericht, ass et net ëmmer evident jee no Hanglag, Buedemstruktur an de Wiederverhältnisser mam Gefier duerch d’Gewan ze kommen. Mir waren eis d’Aarbechten zesumme mat de Vertrieder vun der Mierscher Gemeng zu Pëtten ukucken.
Just nach dës Woch duerfen Hecke geschnidde ginn. Et gëtt op de Stack gesat oder säitlech geschnidden. D’Hecken kënnen dann erëm gutt ausschéissen am Fréijoer a kompakt nowuessen zum Gléck vun de Vullen an Insekten, déi an den Hecken doheem sinn, hei Iesse fannen a sech verstoppe kënnen.
Hecke si wichteg Strukturelementer, dengen als Holz an Ofgrenzung, verhënneren Erosioun a bidde Schutz géint Wand a Keelt. Eng Heck kann aus bis zu 25 Strauch- a Bamaarte bestoen, wat eis heemesch Aartevillfalt stäerkt. Dofir këmmert sech de SICONA an de Wanterméint ëm den Entretien. De Schnatt gëtt esou bal wéi méiglech ewech geholl, mir bieden ëm e bësse Gedold.
D‘Aarbechte vum SICONA gi mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng, de Proprietairen a Bewirtschafter, der Naturverwaltung an dem Ëmweltministère ëmgesat.