Happy Birthday fir 34 Jubilaren am Home St. Joseph Miersch

Miersch: Eng Gebuertsdagsfeier soll ëmmer mat Freed verbonne sin, an och a gudder Erënnerung bleiwen. Dat huet bei der zweeter Feier fir dest Joer am „Home St Joseph Miersch“ zu honnert Prozent zougetraff. Et war einfach formidabel wi Direktioun zesummen mat de Leit vum „Club R“ a Pensionnären während e puer Stonnen sech ganz gut amuséiert hun. De Rol Girres als Entertainer hat mat sengem gewinnten Humor och fir bëscht Stëmmung am schéi gerëschte Saal gesuergt. Och d’Gemengevertrieder vu Bissen, Colmer- Bierg, Lëntgen, Fiels a Miersch, vertrueden duerch Carlo Mulbach, Isabelle Wickler, Jos Consbrück, Nico Dahmen, Christiane Haubrich a Willy Vullers waren mat vun der flotter Party. Houffrig war den Direkter Nicky Wintringer mat sengen Responsabelen vum Haus, Sandrina Alves, Laurent Paul, Thomas Eibel mat der Schwëster Paule Detampel fir allen 34 Jubilaren, déi zëschent dem 27. Januar an dem 27. Abrël Gebuertsdag feieren konnten, di allerbëscht Gléckwënsch ze iwerbrëngen an hinnen all zesummen mam Team eng Rous zum Éierendag ze schenken. Natirlich huet de grousse Gebuertsdagskuch mat engem Glas Crémant och nit bei desem schéinen Event gefeelt. Folgend Jubilaren koumen zu Éieren: Carlo Urwald an Catherine Altmann- Schlechter (73 Joer); Zdzislaw Wypchal (76); Emilie Schmit – Schiltz (77); Marianne Ludivig-Pick an Catherine Ewertz- Schartz (79); Adelie fAber, Liliane Schumacher- Reding an Georgette Zenners- Koeune (81); Annette Stelmes-Groos, Gilbert Godart, an Gisela Schmidt- Fusenig (85); Sr. Paule Detampel an Emile Schloeder (86); Catherine Petit- Bourg an Eugénie Sabel- Schartz (88); Sr. Nicole- Marie Zahnen (89); Ketty Jacobs- Leiner, Sr. Agnes Everad , Margot Lavina- Kousmann an Gertrude Faber- Heyen (90); Charlotte Baustert- Krausch (91); Léonie Koener-Moris, Léon Hoffmann, Cécile Schleimer- Meres, Léon Kayser an Alice Gantrel- Decker (92); Lisa Schwatz- Grof an Yvonne Birscheidt-Birtz (94); Marie Bové- Ewert an René Feltes(95); Sr. Marie- Jeanne Raas an Irma Müller- Wolsfeld (96) ; Catherine Heisbourg-Soisson (98). (CR) (Foto: Charles Reiser)