Jeunes Mamans Miersch spenden 30.500 Euro


Miersch: De Second Hand Shop vum 2. bis zum 4. März 2023, organiséiert vun de Jeunes Mamans Miersch hat sech erneit gelount. Während denen dräi Deeg waren ganz vill Leit komm, fir sech vun der grousser Auswiel vu Kleeder, Babysaachen, Schung, Poschen , Bicher asw. an der Hal Irbicht zu Biereng eppes passendes zu fairem Präis, eraus ze sichen. Den Erléis vun desem Event konnt deser Deeg am Kader vun enger Feier gläich 9 Schecken am Gesamtwert vun 27 500 Euro u verschidden Associatiounen iwerreecht gin. Am Kader vun der Scheckiwerreechung ass d’Presidentin Sylvie Hames- Nosbusch op de groussen Erfolleg vun der läschter Veranstaltung agaanen, déi zu Biering zwee Mol am Joer stattfënd wou nit manner wéi iwer 60 Leit, benevol ronn 1 200 Stonnen wärend zwou Wochen geschafft hun. Jidderengem, den op irgend eng Art a Weis um Second Hand Shop bedeeligt war, ass och villmols Merci gesoot gin. Folgend Schecken si verdeelt gin: 5000 Euro fir „Fondation Sarah Grond“ vertrueden duerch d‘Laura Franck an Yves Barthels. 5 000 Euro fir „un Bistrot „Le Courage“ konnten d‘Rachel Braun an de Boris Weestemeier an Empfang huelen. Den Dr Luc Schroeder huet sech gefreet fir de Scheck vun 5 000 Euro entgéint ze huelen, den der „Chaîne de l’Espoir Luxembourg“ zugut könnt. „Aide au Cameroun“ kommen deser Vereenegung mam Scheck vun 5 000 Euro zugut, déi dem Chris Genewo iwerreecht goufen. Weider 3 000 Euro hun d’Marie-Paule Max an d’Annemarie Nagel kritt fir „Schëtter hëlleft“ finanziell ze ënnerstëtzen. Merci huet de President Carlo Schiertz gesoot fir de Scheck vun 3 000 Euro, den der Associatioun „ le rêve du petit prince“ zugut könnt. Fir den 1 000 Euro Scheck huun sech de Camille Schroeder an de Lucien Kass besonnësch gefreet, de fir“ d’Oeuvres Paroissiales Miersch“ geduecht ass, grad wéi d’Spiller Ekkip vu 5x Biereng, déi fir de Scheck vu 500 Euro, Merci gesoot hun. Nodeems dat di verschidden Scheckempfänger hir jeweilig Vereenegungen kuurz virgestallt hun , an och Villmols Merci gesoot hun , huet dess bedeitend Scheckiwerreechung a gudder Ambiance hiren würdigen Ofschloss fond.

Bléiwt ze erwähnen, dat schon am Virfeld 3 000 Euro un „médecins sans frontières“ fir d’Aerdbiewen Affer vun Syrien gespend goufen. Den nächsten Second Hand Shop an der Hal Irbicht zu Biereng ass fir den 4. bis den 7. Oktober 2023 schon fest am Kalenner. Do virdrun ass den 26. September vun 10.00 bis 17.00 Auer, Kleedersammlung op derselwechter Plaatz.(CR) (Foto: Charles Reiser)