E flotten Nomëtten an der Robbesscheier mat Trauliichtfeier

Gëscht wore mir bei Frënn zu Munzen op Besuch, a well vis-à-vis eng méi lass wor sinn mer bis kucke gaangen. An der Robbesscheier wor Trauliichtfeier ugesot. Nodeems mer eis ugemellt haten ass et och schonns an e grousst Zelt gaangen wou mer aus enger Zockerrommel en Trauliicht geschnëtzt hunn. Duerno wore mir nach an engem Bakatelier an am Kerzenatelier an natierlech si mir och eng Ronn op der Kutsch gefuer. Leider hu mer et net méi gepackt an de Wollatelier a Beienatelier ze goen nach um Iesel ze reiden. Dat maachen mir dann d'nächst Joer. Géint 17.00 Auer ass et dunn eng lecker Gromperenzopp mat Gromperekichelcher ginn. Ëm 18.30 ass den Ëmzuch mam grousse Geescht fir un der Spëtzt lassgaangen. Mir sinn ronderëm de Site vun der Robbesscheier getrëppelt, deen mat Norwegeschen Feieren beliicht wor. Op verschiddene Statiounen hu mir dunn d'Lidd vum "Groussen Hexemeeschter" gesongen. Op der leschter Statioun huet eisen Hexemeeschter mam Geescht diskutéiert, fir e schlussendlech am grousse Feier ze verbrennen. Den Nomëtten ass ausgeklong mat e beschen Livemusek a Stackbrout. Merci et huet eis wierklech all super gefall a mir si secher d'nächst Joer nees derbäi.