D’Gesangsveräiner sin, dat weess bal all Kand, zu Lëtzebuerg schlecht drun, wat den Nowues betrëfft !
Besonnesch an de Gesangsveräiner riskéiert onst kulturellt Liewen ënnerzegoen …. Et mellen sech bal keng nei Sänger ( mat oder ouni Noutekenntnisser … well och ouni Noute geléiert ze hun, kann een an engem Chouer matmaachen !
… „ Zu Lëtzebuerg begéine mir ëmmer awer och ëmmer méi Leit déi eng aner Sprooch schwätzen an déi Deeler vun hirer Kultur mat an eist Land bréngen. Dëst ass eng grouss Chance, besonnesch fir e klengt Land. Zesumme sangen ass sécherlech eng flott a lieweg Manéier fir eng aner Kultur, eng aner Sprooch an aner Liewensgewunnechten kennen ze léieren …“ huet den INECC dëser Deeg dozou opgeruff fir Leit zesummenzebréngen an enger lokaler Initiativ zu Menster. Dobäi hun déi national ewéi déi lokal Kultur-Responsabel net un d’Noopeschgemengen geduecht.
Et gëtt vill Gesangsveräiner am Syrdall, esouguer zevill ! Wier et elo net un der Zäit gewiescht, fir aus villen klenge Veräiner, 2 oder 3 repräsentabel Chéier versichen zesummenzestellen … eng Zort „Syrdallchéier“ ( gemëschte Chouer, Männerchouer an eventuell Kannerchouer ), déi sech aus Awunner aus deene verschiddene Syrdallgemengen ( Contern, Nidderanven, Sandweiler, Schëtter a Betzder … ) zesumme setzen. Déi verschidde Gemengesyndikaten aus dem Syrdall beweise jo, dass déi Gemengen zesummeschaffe kënnen an verschiddenen Secteuren … awer nët an der Kultur !
INECC an UGDA ruffen op fir déi potentiell Sängerinnen a Sänger an hier Ensemblen ze kréien an huelen domat de Veräiner als Träger vum sozialen Zesummeliewen eventuell Membren ewech. D’UGDA organiséiert, mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun de Syrdallgemengen „ Cours de CHANT CHORAL POUR ADULTES “ zu Eìter. Déi Sängerinnen a Sänger, déi un deenen Couren deelhuelen ( an nach dofir bezuelen mussen ) wëllen näischt mat engem agesiessene Chouer ze doen hun ! Wat ass dann elo de Benefiz fir onst kulturellt Liewen an de Gemengen un deene „ Cours de CHANT CHORAL POUR ADULTES “ ?
Wéi vill aner Veräiner, sicht och de Schëtter Gesank dréngend nei Sängerinnen a Sänger fir déi eenzel Stëmmen (Sopran, Alt, Tenor, Bass) ze verstäerken, nodeems e groussen Deel vun treien eeleren Memberen „ an d’Sängerpensioun“ gaang ass. Bestëmmt verstoppen sech an onsen Syrdall-Gemengen nach vill onentdeckten Gesangstalenter, also gudd a wäertvoll Stëmmen fir onse Chouer.
D’Sängerinnen a Sänger vum Schëtter Gesank hu schon vill Leit, déi eng aner Sprooch schwätzen an déi Deeler vun hirer Kultur mat an onst Land an an de Schëtter Chouer bréngen, an hieren Reien opgeholl a wäre glécklech, wann och deen een oder aneren vun de Schëtter Leit, déi un deenen verschiddenen „Cours de CHANT CHORAL POUR ADULTES“ deelhuelen, sech elo aktiv mam Chouergesank beschäftegen géifen an dozou bäidroe kënnten, d' „Kulturliewen an der Gemeng“ positiv an dynamesch z’ënnerstëtzen.
Ons Prouwen si Freides owes vun 20.00 bis ongeféier 22.00 Auer am Gesangsbau zu Minsbech. Gesangs-Kenntnisser si keng Viraussetzung beim Schëtter Gesank . Wat zielt ass virun allem Interessi um Chouergesank, Gesellegkeet a Freed un kollektiver Zesummenarbecht mam Ziel gemeinsam mat Frënn a Kollegen e globalt Resultat an der Gemeng an och auswärts kënnen ze presentéieren.
Guy Jourdain
President vum Schëtter Gesank