Dësjähreg Fête de la Musique war en vollen Erfolleg

Déi dësjähreg Fête de la Musique, organiséiert vum Kulturhaus Niederanven an Zesummenaarbecht mam Jugendhaus Niederanven, den Scouten aus der Gemeng Niederanven, der Fanfare la Réunion Hueschtert, der Museksschoul an der Syrdall Schwemm, war en vollen Erfolleg fir d'Organisateuren.

Trotz liichtem Reen deen sech bis an den spéiden Owend ëmmer méi manifestéiert huet, hunn eng Ronn dausend Leit hiren Wee an den schéinen Park vum Kulturhaus Niederanven fonnt. Musikalesch mä awer och kulinaresch war vun allem derbäi. Vun Gesang bis iwwer Blosinstrumenter bis zu rockeg-funkegem Pop an lëtzebuerger Liddermaacher konnt jiddereen sech dat eraussichen wat him am beschten Gefall huet..

D'Haapt-acts ewéi d'Birdbones konnten begeeschteren an hunn eis mat der gefillvoller Stëmm vum Deborah Lehnen an engem méi rockege Klang an d'Nuecht eran begleet.
T'Dëppegéisser waren bei gudder Laun an hunn no enger klenger Stroumpann spontan de ganze Public op d'Bühn agelueden fir mat hinnen zesummen hier witzeg an och provokativ lëtzebuerger Texter ze sangen.

D'Kulturhaus Niederanven seet och all deenen Merci déi deen Owend gehollef hunn an mat dozou bäigedroen hunn dass trotz naasse Féiss keen duuschtereg oder hongereg heemgaangen ass.

Mir hoffen iech och d'nächst Joer erëm zu esou vill bei eis begréissen ze kennen, an domat invitéieren mer och t'gutt Wieder.